«Am Februar 2017 gouf eise Programm “Botschafterschoul- Ecole Ambassadrice du Parlement européen” an 8 Pilot-Lycéeën zu Lëtzebuerg lancéiert. #EPAS

Ziel vum Programm ass et, iwwer eng Reih vun interaktiven Aktivitéiten d’Schüler op d’Europäesch Wäerter an de Fonctionnement vun der Europäescher Unioun ze sensibiliséieren.  

No enger Evaluatiounsronn goufe folgend Lycéeën als Botschafterschoule vum Europäesche Parlament zréckbehalen:
o Atert-Lycée Redange
o Athénée de Luxembourg
o Lycée Aline Mayrisch
o Lycée classique de Diekirch
o LHCE
o Lycée technique de Bonnevoie – LTB
o LTEtt – Lycée Technique d’Ettelbruck
o Lycée technique de Lallange

??? Mir gratuléieren hinnen alleguer ganz häerzlech fir hiren aussergewéinlechen Engagement! ??????
Den 3. Juli kréien sie offiziell vun eis eng Plaquette iwereecht, a Präsenz vun den Europadeputéierten Georges Bach, Frank Engel a Charles Goerens. D’Schüler, déi besonnesch an deem Projet engagéiert waren, kréien een Diplom iwereecht.

De Programm geht och d’nächst Schouljoer weider!»

Source: Bureau d’Information au Luxembourg du Parlement européen: webfacebook

Skip to content