Vun Dënschdes bis Donneschdes, 10-12. Dezember 2019 war am LTETT erëm eng méi lass: 13 Gäscht aus Schweden, der Tschechescher Republik, aus Éisträich an Däitschland hunn sech zesumme mat eis am LTETT begéint fir weider um Projet Peer Education ze schaffen.

Zesumme goufen Unterrechtseenheeten erschafft, ausprobéiert a virgestallt, déi eis am Alldag sollen hëllefen engersäits Fachwëssen ze vermëttelen, mais anerersäits och d’Kommunikatioun an d’Versteesdemech tëschent de Schüler ze stäerken duerch den Asaz vu Multiplicateuren, sougenannten ‚‘Peers‘.

 

 

Um Programm stoungen awer och eng ganz Partie Hospitatiounen a verschiddene Klasse vum LTETT. Vun der Mathesstonn mam I-Pad, vun der Franséischstonn an der Classe d’accueil, iwwert de Lëtzebuergeschcours bei enger Classe Francophone bis zu verschiddenen Engleschcours war alles derbäi an huet vill Matière fir Austausch an Diskussioun gebueden.

Am Nomëtteg goufen dann nach kulturell Visitte, wéi de Besuch vum Ettelbrécker Jugendhaus, mais och d’Europaparlament an de Site mat der Uni Belval organiséiert. Insgesamt war d’Treffen fir jidderee ganz beräicherend a mir freeën eis schonn op eist nächst Treffe mat Schüler zu Wien am Abrëll 2020.

 

 

Categories: News

Skip to content