Den 22. November war den Här André Bauler, DP-Deputéierten a Präsident vun der „Commission des Finances et du Budget“ vun der Chamber, op Visite am Lycée Technique d’Ettelbruck. An deenen zwou Stonne, wou hie bei ons war, krute mir, d’SchülerInne vun den 2GSO-Klassen, de Budget vum Joer 2020 erkläert souwéi och d’Finanze vu Lëtzebuerg am Allgemengen.

 

Och ass hien no senger Präsentatioun an enger Diskussiounsronn op all eis Froe betreffend d’finanziell a wirtschaftlech Zukunft vu Lëtzebuerg oder och zum Alldag vu Chamber-Deputéierten agaangen an huet dës mat Freed am Detail beäntwert.

Zum Schluss soe mir dem Här Bauler nach emol e grousse Merci fir seng Offenheet an den interessante Moien zesummen am LTEtt.

Biographie

Den Här André Bauler gouf de 5. Februar 1964 zu Ettelbréck gebuer. Hien huet Mathé a Sciences Naturelles am Lycée Classique de Diekirch geléiert an huet dono seng Studien (Sciences Economiques et Sociales) op der Uni Lëtzebuerg an zu Louvain weidergefouert. Spéider huet hien als Proff am Lycée du Nord zu Wolz geschafft souwéi och als Formateur op der Uni Lëtzebuerg. Aktuell ass den Här André Bauler Präsident vun der “Commission des Finances et du Budget“ an der Chambre des Députés.

Kim Meyer

Categories: News

Skip to content