Vum 28. Januar bis de 14. Februar 2020 war an der Bibliothéik vum Lycée technique vun Ettelbréck d’Expositioun « Le pouvoir de la  propagande nazie » a franséischer Sprooch ze gesinn. Dës Ausstellung beliicht déi verschidde Facettë vun der Nazipropaganda a gouf vum Zentrum fir politesch Bildung zur Verfügung gestallt. D’Thema Propaganda huet och haut, 2020, näischt un Aktualitéit verluer. 32 Klassen aus dem LtEtt hunn des Ausstellung besicht a sech mam Thema auserneegesat. Am Kader vun dëser Ausstellung goufen och eng sëlleg Aktivitéiten ugebueden, souwuel fir d’Schüler*inne wéi fir d’Enseignantë.

 

Engagéiert 4e-, 3e- an 2e-Schüler*innen hunn Atelieren  « vu Schüler*inne fir Schüler*innen » zum Thema Propaganda ausgeschafft a fir 186 Jonker animéiert. Theme waren d’Erkenne vu Rietsextremismus a Liddertexter, Manipulatioun duerch Medien, Fake News, Bildmanipulatioun,  Ass eng Noriicht Informatioun oder awer Manipulatioun, a wéi Filmmusek eis manipuléiert an influenzéiert.

Un zwou Formatiounen hunn eng 75 Enseignantë deelgeholl.

  • Eng Visitt vun der Ausstellung mat Presentatioun vum pedagogesche Begleetmaterial, geleet vun der Mme Jenny Gross, Responsabel fir Ausstellungen am ZpB  .
  • Eng Konferenz zum Thema „Im Auge des Besatzers – Wie im Jahre 1940 deutsche Soldaten Luxemburg sahen“ vum Marc Schoentgen, Historiker an Direkter vum ZpB.
Categories: News

Skip to content