Mir hunn eis gefreet, de leschte Freiden eis Premières-Schüler vu GSE, GIG an TPEE mat hirer Famill kënnen ze empfänken an hinnen e feierlechen Ofschloss vun hirer Lycéeszäit ze erméiglechen.   An si haten sech nawel schick gemaach! Mir haten och en Éieregaascht, eise Minister fir Energie a Landesplanung, den Här Claude Turmes. Den Direkter vum LTEtt, den Här Fränk Fries, huet a senger Ried de jonke Leit folgende Message mat op de Wee ginn: Trau dech! Sich nei Weeër a gëff dir eng Chance! Maach net ëmmer alles esou, wéi et virdru gemaach ginn ass! Den Energieminister, den Här Claude Turmes, huet sech besonnesch driwwer gefreet, datt den LTEtt sech och virun e puer Joer eppes Neies getraut huet, nämlech eng nei Sektioun am Beräich vun der Ingenieursausbildung op d’Been ze stellen: d’Sektioun Ëmweltwëssenschaften. Déi éischt Ofschlossklass vun dëser neier Sektioun Ëmweltwëssenschafte krut deen Owend hir Diplomer. De Régent Guy Putz an de Charel Antony hunn e klénge Réckbléck op d’Entwécklung vun der Sektioun gemaach, déi vill vun der praktescher Projetsaarbecht gepräägt ass a wou den Enseignant als berodenden Tuteur d’Schüler begleet. D’Diplomiwwerreechung selwer wor awer dëst Joer e bëssi “op Distanz”. Eis Ingénierie-Klass IG krut och hir Diplomer. D’Régente Sandy Flies an de Sébastien Jemming hunn e Réckbléck op d’Schouljoer gemaach a betount, wéi speziell d’Schaffe fir den Examen am Confinement wor. De Marc Arend, Regent vun der TPEE, wor ganz frou, fir senge Schüler kënne perséinlech den Diplom ze iwwerreechen. D’Eva Cloostermans, Schülerin vun der Ofschlossklass 1GSE, huet zesumme mam Enseignant Georges Reding fir de musikaleschen Encadrement vum Owend gesuergt. Merci! Eis bleift just nach iech all ze gratuléiere fir ären Diplom, op deen dir jorelaang higeschafft hutt! E Virus huet iech bal e Stréch duerch d’Examens-Rechnung gemaach, mee dir hutt et gepackt a kënnt lo déi nächst Etappe vun ärem Liewen an Ugrëff huelen! Alles Guddes a vergiesst den LTEtt net!    
Categories: News

Skip to content