En Dag virun der offizieller Rentrée sinn d’Schüler vun der Sektioun Sciences Environnementales (GSE) an hier Enseignanten am Kader vun engem Kick-Off op d’Kaalbermillen an der Gemeng Clierf gefuer.

Am Schied vun der aler Millen, déi 1728 fir di éischte Kéier erwäänt gouf an zanter 1997 am Besetz vun der Stëftung Hëllef fir Natur an Ëmwelt ass, goufe mir vum Responsabele Fränk Thielen häerzlechst empfaangen. Mat him zesummen hu mir eis op eng Entdeckungstour gemaach, wou di 6 Themegebidder vun der Sektioun SE, also Offall, Energie, Loft, Mobilitéit, Buedem a virun allem Waasser de Schüler mi no bruecht goufen. Heibäi gouf och d’Wichtegkeet vun der Muschelzuucht hei op der Kaalbermillen ervirgehuewenen, mat dëser d’Qualitéit vun der Our als Liewensraum erhale bleiwe soll.

No engem gudde Mëtteskascht ass et dunn mat Seminäre wieder gaangen, wou eis nei Schüler vun der 2GSE en Abléck krute vun dem, wat si dëst Joer wäert op der SE erwaarden. Och Schüler vun der 1GSE ware mat dobäi, fir hier Aarbechte vum leschte Joer ze presentéieren a stunge fir all Fro Ried an Äntwert.

Fir de ganzen Dag ofzeronne gouf et no dem Seminaire nach en impressionanten Tuer duerch di eenzegaarteg Natur ronderëm d’Our mat interessanten Explikatioune vun dem Fränk Thielen. Ofgeronnt gouf de ganze Programm mat enger Visitt vun dem Europadenkmol op dem Dräilännereck.

Merci op dëser Platz nach eng Kéier un d‘Natur an Ëmwelt – Fondatioun Hëllef fir d’Natur a besonnesch un de Fränky Thielen, den eis de ganzen Dag begleet huet.

Categories: News

Skip to content