No bal 2 Joer Paus wéinst der Pandemie, konnten mir rëm un engem sportlechen Evenement vun der LASEL deelhuelen. An dat direkt mat engem groussen Succès. De Sam Heuts vun der 1GIG aus dem LTEtt huet sech an senger Kategorie, de lizenzéierten Leefer, souverän duerchgesat. Mat enger Zäit vun 15´46,87´´op enger Streck vun 4620 m duerch de Bësch, huet sech de Sam géint staark Konkurrenz aus dem Sportlycée duerchgesat. Gratulatioun Sam!!!!
Och eis aner Schüler/-innen hu mat vill Spaass an enger gudder Leeschtung deelgeholl. Bravo: Liz an Lauredana vun der 1GSO2; Marcio, Bryan a Rafael vun der 5GIF2.
Skip to content