YEYS! 2023 zu Bréissel:

Den 23. a 24. Mäerz sinn 105 Schülerinnen a Schüler zu Bréissel zesumme komm, fir um Evenement Your Europe, Your Say! 2023 (YEYS! 2023) deelzehuelen. D’ Evenement huet den Titel Youth Democracy Dialogues gedroen a gouf organiséiert vum Europäesche Ekonomeschen a Soziale Comitéë (EESC). Fir zwee Deeg hu Schülerinnen a Schüler aus ganz Europa – inklusiv siwen EU-Kandidaturslänner – hir Visiounen, Iddien an Virschléi gedeelt, fir d’ Participatioun vun Jugendlechen am Europäeschen Gemeinwissen ze stäerken.

Zwee Schülerinnen an ee Schüler vun de Klasse 4GCMP2 an 3GSO1 hunn am Numm vum Lycée Technique d’Ettelbruck (LTEtt) um YEYS! 2023 deelgeholl. Si goufe vum Här Marco Wagener, Lëtzebuerger EESC Member, um Site vum EESC empfaangen. De 24. Februar hat den Här Wagener den LTEtt besicht, fir de béide Klasse vun deenen dräi Schüler d’ Europäesch Unioun (EU) méi no ze bréngen a d’ Youth Democracy Dialogues ze presentéieren.

Nodeems d’ Schüler am EESC ukomm sinn, hate si d’ Geleeënheet fir hir Europäesch Matschüler kennen ze léieren, eng Foto vun hirer Delegatioun ze maachen a sech mat offiziellen EESC Vertrieder auszetauschen. Ënnert den EESC Vertrieder war de Vize-Präsident fir Kommunikatioun, den Här Cillian Lohan, deen a senger Erëffnungsried den eenzegaartege Charakter vun de YEYS! 2023 ervirgehuewen huet: Hin huet ënnerstrach, wéi wichteg et ass, dass jonk „brillant Käpp“ zesumme kommen, fir intensiv iwwert déi haiteg gesellschaftlech Erausfuerderungen nozedenken. Den Här Lohan sot: „Mir wëllen är Iddien, mir wëllen ären Input.“

Um Freiden, huet d’ Madamm Christa Schweng, d’EESC Präsidentin, d’ Moiesplenière ugestëmmt an ervirgehuewen dass de Jonken hire „Wonsch ze veränneren a fir Verännerung“ den Driff vun de YEYS! 2023 ass. D’ Madamm Neža Repanšek, eng vun de jéngsten EESC Memberen, huet d’ Fro gestallt, wat bedeitend Participatioun ass an huet de jonke Schüler Weeër gewisen, fir „d’ Leeder vun der Participatioun“ (Arnstein, 1969) eropzeklammen. Si huet weider ënnerstrach, dass Motivatioun, déi aus Frustratioun eraus entstanen ass, si op hirem Wee weiderbruecht huet. Den Här Ismael Páez Civico, en 23 Joer ale Member vum Europäesche Jugend Forum, huet beschriwwen, ewéi den d’ Participatioun vu Jonken am Sënn vum Benevolat op der enger Säit eropgeet, an déi politesch Bedeelegung vu Jonken op der anerer Säit ofhëlt. Hin huet dozou opgeruff, d’ Grënn vun dëser Tendenz ze ënnersichen a sécherzestellen, dass „mer net aus den An verléieren, wat mer wierklech versichen ze maachen (…) op lokalem Niveau.“

Am Nomëtten hunn d’ Schüler a fënnef Breakout-Gruppen iwwer Léisungen nogeduecht, fir eng Europäesch Dystopie ze verhënneren. Parallel hunn hir Enseignantë sech getraff an ausgetosch mat Representanteë vun der Europäescher Kommissioun, dem Europäesche Parlament an dem Rod vun der Europäescher Unioun. Ee Representant sot, dass „d’ Enseignanten een essentiele Lien sinn tëschent de Schüler an den Europäeschen Institutiounen.“ Zesummen hu si d’ Bildungsmaterial an d’ Online-Plattforme presentéiert, déi vun de verschiddenen Europäeschen Institutiounen zur Verfügung gestallt ginn. Zesumme mat den Enseignanteën hu si d’ Erausfuerderungen analyséiert, déi sech stellen, wann Europa an der Klass enseignéiert gëtt. Schliisslech sinn d’ Enseignanteën ageluede ginn op eng guidéiert Visitt vum Europäeschen Haus vun der Geschicht.

Wärend der Ofschlossplenière an an der Presenz vun der Madamm Biliana Sirakova, d’ EU-Jugendkoordinatorin vun der Europäescher Kommissioun, hunn déi jonk Porte-Parolen vun den fënnef Gruppen hir Recommendatioune virgestallt an fir hir Recommandatioune gewielt. D’ Recommandatioune goungen vu participativen Online-Plattformen, iwwert d’ Finanzéierung vun Jugend-fir-Jugend-Initiativen, bis hin zu enger interaktiver App an enger besserer Qualitéit vun biergerlecher Bildung. Eng Schülerin vum LTEtt huet gefrot, wéi een Informatiounen iwwert d’ EU-Institutiounen doheem méi accessibel maache kann. D’ Madamm Sirakova huet dës bezüglech d’ Schoulen als Informatiounsmultiplikateur genannt an den Här Lohan huet ënnerstrach, dass dës Erausfuerderung schonns deelweis vun den YEYS! ugaange gëtt. Politesch Vertrieder aus de verschiddenen EU Institutiounen wäerten all fënnef Recommandatiounen consideréieren. Am Juni dëst Joer sinn d’ Recommandatiounen den Sujet vun engem Austausch wärend dem Europäeschen Jugend Evenement (EYE) am Europaparlament zu Stroossbuerg.

A sengen ofschléissende Wierder, huet den Här Lohan betount: „Wat den Ënnerscheed mëscht a Krisenzäiten, ass, dass mer aktiv ginn. Wann de System ufänkt, Bréch ze weisen oder wann en a Gefor ass, da musse mer all aus eise privaten Aktivitéiten eraustrieden an aktiv ginn. Dir huet dee Schrëtt haut gemaach: Merci iech.“ Fir d’ Enn vum Evenement ze würdegen, hunn d’ Schüler an d’ Enseignanten een Theaterstéck vum Theatre Navpaky besicht. D’ Theaterstéck ass iwwert jonk Mënschen an der Ukrain gaangen an hiert Réngen ëm Fräiheet.

Zeréck zu Lëtzebuerg an nodeem d‘Schüler iwwert hir Erfarunge reflektéiert huen, huet eng Schüler geschriwwen: „Ech hunn vill geléiert iwwer déi aner Länner an Europa an hire Liewensstil esou wéi iwwert d’ Problemer, déi an all de verschiddene Länner an der EU virkommen. Ech hu realiséiert, dass net vill Läit sech wierklech fir Politik an Demokratie interesséieren an dat ass ee Problem. Ech wënsche mer, dass jiddereen déi selwecht Méiglechkeet kritt, u esou engem Evenement deelzehuelen. Eng weider LTEtt-Schülerin hält fest, dass „nei Recommandatiounen ze erschafen, mer gewisen huet, wéi wichteg Teamwork ass a wéi mer ouni Teamwork net dat areeche kënnen, wat mer wëllen. Och, dass et méi richteg Entwäerten op eng Fro ginn, net just eng an dass méi Käpp besser zesumme schaffen ewéi een eleng. Ech stelle mer och d’ Fro, wat der EU hir zukünfteg Pläng sinn, fir Jugendlech méi un der Politik ze bedeelegen a fir se z’ interesséieren esou wéi ee flotten a kreative Wee ze fannen, fir mat der Demokratie vun der EU z’ interagéieren.“ Een drëtte Schüler füügt dobäi: „Ech hunn Erënnerungen, déi ech ni méi wäert vergiessen, a Frëndschafte geschloss, vun deenen ech hoffen, dass se fir eng laang Zäit wäerten halen.“

 

Um Enn vun hirer Reflektioun stellt eng Schülerin eng opfuerdernd Fro un déi Jonk: „Wäert dir iech asetzen, fir eng besser Zukunft opzeriichten oder gitt dir op a maacht näischt?“

YEYS! 2023 - English version:

On March 23 and 24, 105 students from 35 European schools came together in Brussels for the 2023 edition of Your Europe, Your Say! 2023 (YEYS! 2023). The event was titled Youth Democracy Dialogues and organized by the European Economic and Social Committee (EESC). For two days, young students from across Europe – including seven EU candidate countries – shared their visions, ideas, and proposals to increase the participation of youth in the European body politic.

On behalf of the Lycée Technique d’Ettelbruck (LTEtt), three students of the classes 3GSO1 and 4GCMP2 participated in the YEYS! 2023 event. At the premises of the EESC they were welcomed by Mr. Marco Wagner, a Luxembourgish EESC member. On 24 February, Mr. Wagner visited the LTEtt to present the European Union in general and in particular the Youth Democracy Days to the students’ classes.

Upon their arrival, the students met with their European peers, took a picture with their national delegation, and conversed with EESC officials. Among them was the EESC communication vice-president, Mr. Cillian Lohan, who marked the beginning of the YEYS! 2023 by stressing the unique character of the event. He highlighted how vital it is that young “brilliant minds” assemble to think deeply about today’s societal challenges and added: “We want your ideas, we want your inputs.”

On Friday, Ms. Christa Schweng, the EESC President, opened the morning plenary session and stressed that the young people’s “desire to change and for change” is driving the motivation of the YEYS! 2023. Ms. Neža Repanšek, one of the youngest EESC members, raised the question of what meaningful participation looks like and presented ways for students to climb the “ladder of participation” (Arnstein, 1969). She highlighted that motivation emerging from frustration was a key driver on her pathway. Mr. Ismael Páez Civico, a 23-year-old board member of the European Youth Forum, described the disconnect between the rise of youth volunteering on the one hand and the shrinking political participation of youth on the other hand. He called to explore the reasons of this tendency and to make sure that “we do not lose sight of what we are really trying to do (…) at the local level.”

In the afternoon, the students conceived solutions to avoid a European dystopia in five different breakout groups. In parallel, their teachers met and exchanged with representatives of the European Commission, the European Parliament, and the Council of the European Union. One of the representatives stated that “teachers are an essential link between the students and the European institutions.” They presented the educational materials and online platforms provided by the various EU institutions. Together with the teachers, they moreover explored the challenges which occur when teaching Europe in classrooms. Finally, the teachers were invited to a guided visit of the European House of History.

During the closing plenary session and in the presence of the EU Youth Coordinator of the European Commission, Ms. Biliana Sirakova, the young spokespersons of the five groups presented their five recommendations. Together the YEYS! 2023 participants voted for their recommendations. The recommendations ranged from participatory online platforms, over funding of youth-for-youth initiatives, to an interactive app and a higher quality of civic education. One LTEtt student asked how we can make information about the EU institutions more accessible back home. Ms. Sirakova mentioned in this respect the schools as an information multiplier and Mr. Lohan highlighted that this challenge is in part already tackled by the YEYS! space. Policymakers of the various EU institutions will consider all five recommendations. In June this year, the recommendations will be the subject of an exchange during the European Youth Event (EYE) of the European Parliament in Strasbourg.

In his concluding remarks, Mr. Lohan pointed out that “what makes the difference, in these times of crisis, is that we become active. When the system starts to show cracks or when it is at risk, we all have to step up from our private activities and become active. You have taken that step today: thank you.” To round off the event in a dignified manner, students and teachers attended a play by Theatre Navpaky about young people in the Ukraine and their struggle for freedom.

Back in Luxembourg and after reflecting their experiences, one student wrote: “I learned a lot about the other countries in Europe and their way of living as well as the problems that occur in all the different countries of the EU. I realized that not many people are truly into politics and democracy which is a problem. I wish that everyone gets the same opportunity to participate in such an event.” Another LTEtt student noted that “creating new recommendations showed me how important teamwork is and how without teamwork we might not achieve what we want. Also, there are multiple right answers to a question not just one and many minds work better together then alone. I also wonder what the EU’s future plans are to get young people more involved and interested in politics and find a fun and creative way for them to interact with the democracy of the EU.” A third student added:
“I made memories that I will never forget, friendships that I hope will last for a very long time.“

Finally, one student ended her reflection with an inviting question to the youth: “Are you going to take action to build a better future or are you going to give up and do nothing?”

Skip to content