SCHÜLERZEITUNG

Du wëlls gären selwer Artikele schreiwen? Du kanns gutt zeechnen, molen a gestalten? Du knips gäre Fotoe? Du interesséiers dech fir aner Leit an hir Erfarungen? Du wëlls gären iwwert aktuell Themaen beriichten? Dann komm maach mat, a sief mat dobäi, bei eiser ganz neier Schülerzeitung! Mir gesinn eis reegelméisseg Read more…

ETUDE

D’Bibliothéik ass och all Mëttesstonn an no dem Nomëttescours fir déi Schüler op, déi eng roueg Platz siche fir hir Hausaufgaben, Gruppenaarbechten a Recherchen ze maachen. Hei hunn d’Schüler d’Méiglechkeet an engem gemittleche Kader ze schaffen an och mol Saachen nozefroen. Dofir ass all Dag an der Mëttesstonn oder no Read more…

NORDSTAD JUGEND GOES LTETT

A Zesummenaarbecht mam Jugendhaus vun Ettelbréck organiséiere mir reegelméisseg Projeten. Vill flott Projeten sinn méiglech an all Iddie ass wëllkomm! Dofir zéck net a komm bis laanscht a diskutéier mat wat fir Projeten mir fir iech ëmsetze sollen!

GAME ON

An der Spillbibliothéik vum SSE kriss du eng ganz Réi flott Gesellschaftsspiller ze Verfügung gestallt. Komm Méindes no der Schoul bis laanscht a  spill mat engem Erzéier, engem Kolleeg oder engem Engeignant, eng Partie Uno, Skipbo, Mensch ärger dich nicht, …. Du hues Surveillance oder langweils dech an enger Paus Read more…

ENGLISH DRAMA

Have you ever dreamed of escaping and becoming someone else? Have you ever imagined becoming an actor? This is your chance to join our theatre club and be part of Ettelwood! Mir wëllen eng Identitéit erschaffen fir eis Schüler der Schoul mi no ze bréngen. Duerch de Projet léieren se Read more…

MAKERSPACE

D’SchülerInnen kënne duerch d’praktescht Schaffen, selwer kleng elektronesch Schaltungen zesumme bauen. (z.B.: Klénge, beliichte Chrëschtbeemchen, …) Et geet drëms dass d’Schüler kënne gesi wat d’Elektro an Elektronik ass an si eventuell dofir begeeschteren.

SCHACHKLUB

Mir spille Schach am LTETT a wäerten, wann d’Situatioun et zouléisst, och erëm un Tournoien a verschiddene Lycéeën am Land kennen deelhuelen. Jiddereen ass wëllkomm. Ob der Ufänger oder erfuere Schachspiller, dir fannt ëmmer een deen eng Partie mat iech mécht!

PROJET VOLTAIRE

Et geet drëms op engem Computerprogramm säi schrëftlech Franséisch ze verbesseren. Fir d’éischt mëscht een en Astufungstest, an dono kritt ee personaliséiert Exercicer. Zil ass et, säi Franséisch ze verbesseren, bei engem nationalen “Concours de l’orthographe” am Mäerz matzemaachen an do en offiziell unerkannten Diplom ze kréien. Bis Mäerz 2022

Skip to content