E Grupp vun ronn 40 Schüler aus dem LTEtt, encadréiert duerch 4 Enseignanten, ass den 18. Abrëll op Stroossbuerg gefuer fir d’Europäescht Parlament ze besichen.

Dës Visite huet stattfonnt am Kader vum Projet EPAS, duerch deen de Lycée technique vun Ettelbréck säit 2017 eng Botschafterschoul vum Europäesche Parlament ass.

Nom Empfang duerch d’Madame Derveaux, Assistentin vum Lëtzebuerger Europa-Deputéierten Charles Goerens, gouf de Grupp duerch d’Gebailechkeeten vum Parlament gefouert. En éischten Héichpunkt vun der Visite war déi offiziell Foto an duerno, um Rand vum Mëttegiessen, d’Zesummentreffe mam Här Goerens. Den Här Goerens huet sech dunn zwou Stonnen Zäit geholl fir de Schüler Ried an Äntwert ze stoen, woubäi eng Rei vun aktuellen Themen ugeschwat goufen an en Abléck an d’Arbecht vun den Europa-Deputéierten erméiglecht ginn ass. Anschliessend huet sech d’Geleenheet gebueden, e Bléck an de Plenarsall vum Europa-Parlament ze werfen, wou an deem Moment eng Rei vun Deputéierten Stellung zum Thema „Facebook an Dateschutz“ geholl hunn. Als Ofschloss vun der Rees stoung dunn nach eng kuerz Visite vum Stroossbuerger Stadzentrum um Programm.

Skip to content