De 15. Oktober 2019 wor am Forum Geesseknäppchen eng Foire fir Enseignanten, Educateuren a Multiplicateuren am Beräich vun der Nohaltegkeet.

 

Eise Lycée wor gutt vertruede mat der Techniker-Formatioun Smart Technologies, der Sektioun Ëmweltwëssenschaften, dem BTS Gestion d’entreprise et développement durable an dem Projet d’établissement. Net nëmmen d’Schülerinnen a Schüler konnte vill flott Gespréicher féieren a Kontakter fir hir Projete knäppen. Och d’Proffen an d’Direktioun hu vill Inspiratioune gesammelt fir de Lycée Technique vun Ettelbréck nach méi nohalteg ze maachen.

Skip to content