Freides, den 13. Dezember 2019 konnten eis 2ième a 1ères Schüler sech op eiser Matinée ACEL iwwert Méiglechkeete fir e wiedert Studium informéieren. D’Daachorganisatioun ACEL( Association des cercles d’étudiants luxembourgeois), zesumme mat der ANESEC (Association nationale des étudiants en sciences économiques), der ALEP (Association luxembourgeoise des étudiants en psychologie) an der LBS (Lëtzebuerger BTS Studenten) huet keng Méi gescheit fir de Schüler eng ganz Partie Méiglechkeeten ze weisen, wéi hiert Liewen no hirem Ofschloss am LTETT kéint ausgesinn. Aus éischter Hand hunn d’Studente vun hiren Erfarungen erzielt a Froe beäntwert wéi: Wéi finanzéieren ech mäi Studium? Wéi gesäit den Unisalldag aus? E Bachelor oder Masterstudium?

 

Och zum Schluss gouf et nach eng länger Fro an Äntwert Sektioun, wou d’Schüler hier perséinlech Froe konnte stellen. Insgesamt war dësen Event eng weider Beräicherung fir d’Orientatioun vun eise Schüler.

Categories: News

Skip to content