Déi éischt Beem gi geschwënn geplanzt. Am Zeeche vun der Nohaltegkeet gouf am Kader vum 50. Gebuertsdag vum Lycée Technique vun Ettelbréck geplangt, fir 50 Beem ze planzen. De Mëttwoch, den 18. November 2020 ginn elo déi éischt 26 Beem an de Buedem gesat. D’Stëftung Hëllef fir d’Natur huet déi Beem gesponsort an d’Gemeng Ettelbréck stellt den Terrain am Grondwee. Dëse Projet ass ausgaange vun zwee 1ère-Schüler, dem Simon Dubos an dem Alex Mamer vun der Sektioun Ëmweltwëssenschaften, a soll de CO2-Ausstouss kompenséieren, dee bei der Produktioun vun der geplangter Photovoltaik-Anlag um Dach vun der Sportshal vum Lycée entsteet. D’Planzaarbechte gi vu Schülerinnen a Schüler vun eiser 2GSE iwwerholl. De Lycée seet der Stëftung Hëllef fir d’Natur an der Gemeng Ettelbréck Merci fir d’Ënnerstëtzung an erënnert drun, datt ee fir déi aner 24 Beem nach ka Pätter oder Giedel ginn! Erklärung Foto: De Michel Frisch vun der Stëftung Hëllef fir d’Natur an de Paul Schmit, Enseignant am LTEtt, markéiere schonn d’Plaatzen, wou d’Beem den 18. November geplanzt solle ginn.
Categories: AnniversaireNews

Skip to content