No laanger Covid-19 Paus, konnten eis 3GPS1 Schüler endlech op Postkaarten aus Wisconsin USA äntweren.

Dëst war net nëmmen eng flott Geleeënheet fir hier Englesch Sprooch ze üben, mee den Austausch huet och nach eng enorm wichteg interkulturell Bedeitung.


Am spéiden 19. Joerhonnert sinn vill Lëtzebuerger Baueren emigréiert fir en neit Liewen an deenen verschidden ‘counties’ an Wisconsin USA ze starten. Deemno huet sech en Deel vun der Lëtzebuerger Kultur an dësem Deel vun Amerika verankert, sou datt haut souguer d’Sprooch op verschiddenen Plazen geschwat gëtt.

Fir des Wuerzelen opzefrëschen huet „Luxembourg American Cultural Society“ aus den USA d’Initiative ergraff an dem Frank Schuler d’Iddi proposéiert. Postkaarten koumen aus der Cedar Grove High School Wisconcin an sinn dunn bei der 3GSP1 zesummen mat der Madamm Laurence Schaack gelies a beäntwert ginn. Eis Postkaarten sinn well um Wee zréck an Amerika.

Hoffentlech geléngt et eis dësen Austausch oprecht ze erhalen a weider auszebauen !

Categories: News

Skip to content