Am Mäerz hat de Projet “Fairtrade Breakfast” vun der 15ème BTS vill Succès! No 2 Stonne scho waren all hir corona-konform Fairtrade-Boxen “sold out”. Et hunn insgesamt 9 Klasse matgemaach, mat 132 Schüler an 10 Enseignanten.

Hei ee klenge Bilan:
D’Schülerinnen a Schüler hunn an 5 Gruppen zu 2-3 Studente folgend Aufgaben erleedege mussen:
a. eng Reklamm opstelle mat Formulaire d’Inscription
b. ee flotte Video de Sensibilisation opstelle vun 10-15 Min.
c. all Supermarchés zu Lëtzebuerg ofklappen, do Fairtrade-Produkter sichen a Präisser vergläichen
d. e Budget opstellen an akafe goen, duerno eng “Box” zesumme stellen an déi liwweren
e. e Questionnaires de satisfaction opstelle fir Proffen a Schüler
f. Conclusioune schreiwen unhand vun engem klengen Dossier
D’Klassen hunn hir Fairtrade-Box kritt, de Video gekuckt an eng Diskussioun iwwer Fairtrade gefouert. Eng flott Aart a Weis de Fairtrade ze thematiséieren!
Categories: News

Skip to content