Den Dënschden de 6. Juli war d’Laura Zuccoli, Präsidentin vun der ASTI (Association de soutien aux travailleurs immigrés), am LTEtt op Besuch fir de Schüler a Schülerinne vun der 4GSOF an der 6GIF1 e Virtrag ze halen. Behandelt goufen Themen wéi d’Migratioun, d’Flüchtlingsproblematik an d’Terrainsaarbecht vun der Associatioun.

Am Virfeld huet d’4GSOF am Kader vun hirem EDCIT-Cours d’Roll vun Associatiounen an der lëtzebuergescher Gesellschaft a Politik gesinn. D‘6GIF1 hat an hirem SCISO-Cours d’Thema Migratioun an Integratioun behandelt. D’Schüler a Schülerinne krute wärend dem Virtrag d’Méiglechkeet iwwert hiren eegene Migratiouns-Hannergrond ze schwätzen an aktiv un der Diskussioun deelzehuelen.

 

Categories: News

Skip to content