“Games of Norden” hëlleft am Süden!

Déi 10. Mini-Entreprise aus dem LTEtt spillt Kaarten an der “School of cards”.  Am Projet vun der JEL (Jonk Entrepreneure Luxembourg asbl) konnten 12 Schüler vun der 2e testen, wéi gutt si sech als Start-up géife maachen. Am selwer entwéckelten Trumpf-Kaartespill “Games of Norden” trieden 32 Gemengen aus dem Norde Read more…

Remise des diplômes BTS

Op enger flotter Feier krute geschter eis BTS-Studenten no der Corona-Verlängerung hire wuelverdéngten Diplom an der Maison du savoir op der Uni um Belval. Bravo an mir wënschen hinnen nach vill Succès bei hiren nächste Schrëtt.

3GIG: De Brennstoffzellenauto

E Réckbléck op 2019/2020 … an en Ausbléck op d’Zukunft vun der Mobilitéit D’3GIG huet sech am Cours vum Luc Azzeri, Henri Birchen a Paul Schmit am Schouljoer 2019/20 mam Thema Brennstoffzellenauto beschäftegt, mee net eleng an der Theorie: si hunn hiren eegenen Auto entwéckelt a gebaut! Hei de Video Read more…

Den LTEtt feiert seng 50 Joer!

Op eiser Gebuertsdagssäit fannt Dir: Informatiounen zu eisem Pätter- a Giedel-Projet “50 Beem fir den LTEtt” d’Aschreiwungsméiglechkeet fir Member bei de “Frënn vum LTEtt” ze ginn Informatiounen zu eisem Buch “50 Joer Lycée Technique vun Ettelbréck” Reportagen a Filmer

Wierdëgen Ofschloss vun der Lycéeszäit: 107 Premièresschüler am Lycée Technique vun Ettelbréck hate Grond fir ze feieren

5 Diplomiwwerreechunge bannent 3 Deeg: et gouf am Juli vill ze feieren am Lycée Technique vun Ettelbréck (LTEtt). Aplaz vun enger grousser Diplomfeier fir all d’Ofschlossklasse ware wéinst den anzehalende sanitäre Mesurë 5 eenzel Feieren organiséiert ginn an d’Laureaten an hir Famillje souzen zesummen op « Familljendëscher ».   Dëse Read more…

Skip to content