Projekttreffen in Almeria im Rahmen des Erasmus+ Projektes „climate change – open your senses“

Insgesamt 67 Schüler und 13 Lehrer aus den 4 Partnerschulen Colegio La Salle aus Almeria/Spanien, HTL St. Pölten/Österreich, Gottlieb-Daimler-Schule 2 aus Sindelfingen/Deutschland und der Lycée Technique d’Ettelbruck/Luxemburg haben sich im Rahmen des gemeinsamen Projektes „climate change – open your senses“ vom 10. Mai 2022 bis zum 16. Mai 2022 in Read more…

Ekosystem Waasser

Wéi all Fréijoer waren eis 4GPS-Klassen och dëst Joer nees zu Huelmes bei de Weiere fir d’Gewässer ze analyséieren. Nodeems um Wee dohinner schonn déi geo-morphologesch Eegenschaften ënnersicht goufen, hunn d’Schüler bei de Weieren an der Bach duerch gezielt Beobachtunge versicht ze verstoen, wéi d’Liewewiese – sief dat Déier oder Planz – u verschidde Liewensraim ugepasst sinn a wéi eng Informatiounen iwwer d’Qualitéit Read more…

Beruffer ausprobéieren

 E Freideg de Mëtteg (13/5/2022) haten e puer vun eise 5e-Schüler d’Méiglechkeet fir verschidde Beruffer auszeprobéieren, an dësem Fall Auto-Mechatroniker  a Lackéierer, mee och administrativ Beruffer a Magasinier goufe beim Garage Losch virgestallt. Eis Schüler konnten dono och nach Virstellungsgespréicher üben a kruten Tuyauen, wéi si hire perséinleche CV an hir Read more…

DC1EL an DC3EL: Messebesuch zu München

Vum 11.5. bis den 13.5.22 ware Schüler vun de Klasse „Hauselektriker“ (DC1EL an DC3EL) op der Messe „Intelligente Energienutzung in Gebäuden und Industrie“ zu München. Si konnten sech iwwert folgend Zukunftstheme wéi „Energiespeichersysteme, effiziente Verteilung und Nutzung erneuerbarer Energien, Ladeinfrastruktur und Elektromobilität, Solartechnik“ informéieren. Dernieft konnte d’Schüler d’Alstad vu Münche besiichtegen, wéi och de BMW-Musée. Hei Read more…

Op de Spuere vun der Demokratie

Den 12. Mee hunn d’4GSO2 an d’3TPCM1 en Ausfluch an d’Chambre des Députés gemaach. Am Virfeld hu sech d’Klasse mam Opbau an dem Fonctionnement vum Parlament ausernee gesat. D’Schülerinnen a Schüler hu sech och d’Fro gestallt, wat eng gutt Petitioun ausmécht a wat en Deputéierte fir Viraussetzunge mat sech brénge muss. Um Ausfluch konnt dat Virwëssen dunn Read more…

D’14BED op der Musel

Dëse Mëttwoch, den 11. Mee, haten d’Studente vum BTS “entreprise et développement durable” eng Excursioun op d’Musel. No engem Rondwee duerch d’Naturschutzgebitt Stroumbierg mat senger eemoleger Bëschgesellschaft mam Hirschzungenfarn, konnte mer dës ekologesch Sortie mat enger Féierung duerch de Biodiversum zu Rëmerschen ofschléissen. ,

De BTS am Mariendall

Dëse Mëttwoch, de 4.5.22, waren d’Studente vum BTS ‘entreprise et développement durable’ am Zentrum vum Land am Mariendall ënnerwee.Als éischt goufen d’Landschaftsform an den Notzen duerch de Mënsch um Terrain erfuerscht. Dono gounge mer op de pedagogesche Bauerenhaff vum snj fir den Impakt vun der Landwirtschaft op eis Kulturlandschaften iwwert Read more…

Skip to content